L’équipe se compose de :
ANDRE Jeannot (Luxembourg - dossard 779), ASCHMANN Antoine (Steinsel - dossard 780), BAUSTERT Marcel (Sandweiler - dossard 781), BERLET Francine (Merl - dossard 782), CLEES Fernand (Noerdange - dossard 783), CONTER Georges (Beckerich - dossard 784), KAYSER Simone (Heisdorf - dossard 785), FISCHER Manuel (Steinsel - dossard 786), JUNKER Gerard (Eisenborn - dossard 787), KAYSER Marc (Heisdorf - dossard 788), KNEPPER Michel (Bridel - dossard 789), KOPS Carole (Steinsel - dossard 790), KOX Joe (Bereldange - dossard 791), SCHROEDER Georges (Luxembourg - dossard 792), STELMES Paul (Steinsel - dossard 793), WEIBEL Gusty (Soleuvre - dossard 794), LIPPERT-WIES Pierrette (Nospelt - dossard 795)
|
Commentaires :
"Wann ee bis eng Kéier de Marathon des sables matgemach huet, wees een, dass et vill méi ass wéi nemmen eng sportlech a kierperlech Erausfuederung ! Et ass virunn allem eng grouss menschlech Aventure déi ee vir emmer markéiert. Et geséit een onbeschreiwlech schéi Wüstelandschaften an e pêle-mêle vunn Emotiounen iwerschwemmen een dauernd : engerséits Tréinen, d’Flëmm hunn, sech froen waat een hei mecht, wann een d’Féiss nët méi hiewen a nët méi goe kann vu lauter Blooderen. Aanererséits Freed, Gléck, Erliichterung an Zefriddenheet wann een d’Ziel geséit an d’Etapp gepackt huet. Déi ganz Strapazen sinn dann total vergiess. Immens impressionnéiert huet mech och déi grouss Frënnschaft, déi sech ënnert de Konkurrenten (egal op éischten oder lëschten), den Organisateuren an den Doc-Trotters duerch Zesummeliewen am Bivouac an all di Fréed an daat Leiden während den Etappen entweckelt huet. Och wann ech schwéieren Herzens hu missen während der 4. Etapp ophaalen, war den MDS fir mech eng onvergiesslech schéin Erfahrung. Ech soen der ganzer Equipe MERCI fir déi schéi Woch an der Wüst ! Dir waart all super, a wann Dir mech rem mathuelt steet neischt dem MDS 2006 am Wee !!!